Aktuelles

Newsletter Beweegungsfërderung  

Hier finden Sie in chronologischer Reihenfolge die Newsletter Beweegungsfërderung, in der regelmäßig aktuelle Projekte, Informationen, Aktivitäten und Materialien vorgestellt werden. Sich abonnieren - immer auf dem Laufenden bleiben!


Actualités

Schéi Vakanz
Déi ganz Equipe vun der SCRIPT Beweegungsfërderung wënscht jidderengem eng agreabel an erhuelsam Vakanz.
Plus d'informations
YES - De Yoga ass ausgebucht !
'YES' ass ausgebucht an d’Aschreiwunge fir d'Schouljoer 2024-2025 sinn zou. Déi vill Schoulen, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn. D’Coordinatrice vum Projet 'YES' bleift disponibel fir Iech op Froen ze äntweren. Heifir kënnt Dir dem Sabine gären eng Mail op yes@script.lu maachen.
Plus d'informations
Adaptatioune bei Bicycool 2024-2025
Léif Bicycool-Frënn, Iwwert d’ganzt Schouljoer ass eng Evaluatioun gemaach ginn, wéi mir de Projet nach méi optiméiere kënnen. Eis ass et wichteg, fir méiglechst ville Klassen eng gutt Offer ze bidden. Dofir huele mir no der Rentrée Adaptatioune vir. Soubal alles steet, ginn nei Inscriptioune fir de Cycle 1 Lafrad - an de Cycle 2-4 Projet op. Merci fir de Versteesdemech! Du wëlls um Lafende bleiwen? Dann abonéier eise Beweegungs-Newsletter an check reegelméisseg eis Neiegkeeten op beweegung.lu
Plus d'informations
Aschreiwung YES 2024-2025
D'Aschreiwunge sinn op! Das Projekt „YES – Yoga an Entspanung an der Schoul“ hat zum Ziel, Schulkinder in ihrer körperlichen, mentalen und emotionalen Entwicklung zu unterstützen. Konzentration und Kreativität werden mit Hilfe von Bewegung und Yogastellungen angeregt; das Körperbewusstsein wird intensiviert. Außerdem bieten Entspannung und achtsame Momente Geist und Körper eine kurze Pause, die die Kinder mit frischer Motivation für ihren weiteren Tagesablauf versorgt. Ein gesunder Wechsel zwischen Bewegung und Entspannung ist für einen ausgeglichenen Schulalltag unverzichtbar. Er erlaubt den Kindern, trotz zunehmenden Stressmomenten lernfit zu bleiben. Neben Interventionen in den Schulen bietet das Projekt YES passendes Audio- und Videomaterial für Lehrpersonen. Darüber hinaus kann die Weiterbildung „Méi Wuelbefannen fir Schoulpersonal a Schüler a Schülerinnen duerch Yoga an Entspanung“ am IFEN besucht werden. Das Yogamodul „Yoga mécht staark – Entdeck de Superheld/d‘Superheldin an dir“ wird ab Oktober 2024 angeboten. Es richtet sich an Klassen der Zyklen 2-4. Der Zyklus 1 Kindergarten kann erst ab dem zweiten Trimester teilnehmen. Das Yogamodul wird jeweils an das Alter der Kinder angepasst.
Plus d'informations
Grousse Beweegungsdag fir de Cycle 3 um I.N.S.
Am Kader vun der 2. Nationaler Beweegungswoch gouf de 5. Juni 2024 um I.N.S. de grousse Beweegungsdag organiséiert. D’National Beweegungswoch ass den Nofollger vum Schoulsportdag, deen an de Grondschoule säit ville Jore bekannt war. Dësen Nofollgerprojet, bei deem nach méi d’Beweegung an net direkt de Sport an der Vitrinn steet, huet sech iwwer eng ganz Woch gestreckt, fir all interesséierter Schoul a Klass den néidegen zäitleche Sputt ze loossen, fir matzemaachen. De groussen Highlight vun der Beweegungswoch war de Clevermove-Dag, deen de SCRIPT zesumme mam Sportsministère a mam Sportlycée organiséiert huet. Op dësem Mëttwoch hunn 30 Cycle 3-Klassen aus de 15 Regionaldirektiounen an 2 Flüchtlingsklassen e ganzen Dag zesumme verbruecht, op deem si ënnerschiddlech Sportaarten a Beweegungsateliere matmaache konnten. Iwwer 500 Kanner aus dem Cycle 3 haten de ganzen Dag bei dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnte sech gutt auspoweren. E MERCI op dëser Plaz u jiddereen, dee gehollef huet, dass et fir d'Kanner e besonnegen Dag bleiwe wäert.
Plus d'informations
Nationale Beweegungswoche Zyklus 1-4
Die Grundschulen bekommen vom SCRIPT eine Hilfestellung mittels eines "How to guide" mit praktischen Ratschlägen sowie Prinzipien, wie die Schule diese Woche rundum planen könnte.
Plus d'informations
Déi beweeglechste Klass 2024
Vum 21.04.2024 - 23.04.2024 hunn 19 Klassen aus dem Cycle 3 & 4  alles ginn, fir den Titel "déi beweeglechste Klass 2024" ze gewannen. Um Enn war et am Cycle 4 eng kloer Saach fir d'Grondschoul vun Angelsbierg. Si konnten hiren Titel vun 2023 verdeedegen, dat virun de Schoule vu Miersch a Waldbëlleg. Am Cycle 3 huet sech d'Sonneschoul vun Noertzange géint Beefort duerchgesat. Alle Klassen op dëser Plaz e grousse MERCI, well dir waart alleguer immens!
Plus d'informations
Flashmob 2024 mam Laura
Wann s du mat denger Klass eng flott Choreografie astudéiere wëlls, hei am Film kriss du Schrëtt fir Schrëtt vum Laura erkläert. Vum 3. - 7.Juni 2024 kanns du, am Kader vun der Nationaler Beweegungswoch, d'Schlussresultat filmen an eis zoukomme loossen. Technech Detailer heizou kommen nach no. Bis dohinner gëllt et, fläisseg ze üben an am Rythmus ze bleiwen.
Plus d'informations
Zu Bierchem um Gank
Hei e puer Andréck, wéi een de Gank an der Schoul gestalte kéint.
Plus d'informations
Ouschteren 2024
Fir an der Woch virun Ouschteren, an och soss, fënns du hei 5 flott Aktivitéiten, déi s du mat der ganzer Klass duerchféiere kanns.
Plus d'informations
Brevet sportif national 2024
Ab 10 Joer kënnen d'Kanner weise wat se kënnen. Eng Initiative vum Ministère des Sports. Vill Spaass!
Plus d'informations
Fuesent 2024
All déi Leit, déi sech op eisen Newsletter abonnéiert hunn, kruten dës flott Aktivitéite virun der Fuesvakanz per Mail.
Plus d'informations
LEVEL UP Challenge 2 fäerdeg, Challenge 3 leeft
Bis den 09.02.2024 haten d'Klassen Zäit fir hire Video + 5 Fotoën vun der Challenge 2 eropzelueden. Elo ass deen zweeten Deel gepackt, an deen drëtten Deel steet ab dem 21.02. 2024 um Programm.
Plus d'informations
YES - nei Yoga Filmer
Yogavideos zum Mitmachen. Regelmäßig kommen weitere Videos hinzu.
Plus d'informations
LEVEL UP - Challenge 1 fäerdeg - Challenge 2 am 2.Trimester
Bis de 16.12.23 haten d'Klassen Zäit fir hire Video + 5 Fotoën vun der Challenge 1 eropzelueden. Elo ass deen éischten Deel gepackt, an deen zweeten Deel steet ab dem 10.Januar 2024 um Programm.
Plus d'informations
Save the date !
Déi national Beweegungswoch an der Grondschoul ass vum 3.Juni - 7.Juni 2024.
Plus d'informations
Adventskalenner 2023
De beweegten Adventskalenner 2023 ass do, da kanns du am Dezember mat denger Klass oder dengem Grupp Dag fir Dag duerchmoven. Hei sinn eng Doze Beweegungspausen, déi s du ouni vill Opwand an däin Unterrecht abaue kanns. Lued de PDF erof, print de Kalenner op DinA3 raus, hänk en op a scan all Dag de QR-Code vun der entspriechender Kugel. Oder awer, du schaffs just mat der digitaler Versioun, well all Boule am PDF ass verlinkt. Du brauchs also just mam Cursor driwwer ze goën an drop ze klicken. Méi bequeem geet et kaum Vill Spaass a Freed an der Klass!
Plus d'informations
LEVEL UP - Update
Bis den 9.Januar 2024 kanns du deng Klass fir d'Beweegungschallenge umellen, falls du dat nach net gemaach hues.
Plus d'informations
YES & BICYCOOL sinn ausgebucht
Souwuel 'Bicycool' wéi och 'YES' sinn ausgebucht an d’Aschreiwunge fir d'Schouljoer 2023-2024 sinn zou. Déi vill Schoulen, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn. D’Equipe vum 'Bicycool' esou wéi d’Coordinatrice vum Projet 'YES' bleiwen disponibel fir Iech op Froen ze äntweren. Heifir kënnt Dir eis gären eng Mail op bicycool@script.lu (fir de Projet 'Bicycool') oder yes@script.lu (fir de Projet 'YES') maachen.
Plus d'informations
Die Schwimm-Box
Schwimmen lernen oder lehren kann jedoch eine Herausforderung sein, deshalb wurde diese Box mit abwechslungsreichen und ansprechenden Übungen für das Erlernen des Brust- und Kraulschwimmens entwickelt. Die Aufschlüsselung des Bewegungsablaufes in Beinschlag, Armzug sowie die Koordination und Atmung ermöglichen ein strukturiertes Erlernen der Schwimmart.
Plus d'informations