Unsere Projekte

D’Beweegung fërdert net nëmmen d’Gesondheet, mee och d’Konzentratioun, d’Zesummenaarbecht an d’Wuelbefanne vun de Kanner. Eng aktiv Schoul ass eng lieweg Schoul – an domat och eng erfollegräich Schoul.
De WibS riicht sech un all d’Schoulen, déi Beweegung als festen a wichtege Bestanddeel vum Schoulalldag verankere wëllen. Et geet net nëmmen ëm Sportstonnen, mee ëm eng ganzheetlech Approche, déi Beweegung op ënnerschiddlechen Niveaue fërdert. Mir wëlle weisen, datt Beweegung net nëmmen an der Sportshal stattfanne muss mee och kann an de Schoulalldag integréiert ginn.

Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi beweeglechste Klass 2026”.

Das Projekt „YES – Yoga an Entspanung an der Schoul“ hat zum Ziel, Schulkinder in ihrer körperlichen, mentalen und emotionalen Entwicklung zu unterstützen. Konzentration und Kreativität werden mit Hilfe von Bewegung und Yogastellungen angeregt; das Körperbewusstsein wird intensiviert. Außerdem bieten Entspannung und achtsame Momente Geist und Körper eine kurze Pause, die die Kinder mit frischer Motivation für ihren weiteren Tagesablauf versorgt.

Laufrad - Zyklus 1
Léif Bicycool-Frënn,
Ab elo kanns du deng Schoul fir de WibS-Projet umellen. Nëmmen esou kënnt deng Schoul an de Genoss vum Lafrad-Projet WibS-Bike. Awer opgepasst, et ass net méiglech fir de WibS-Bike separat ze buchen. Deng Schoul muss och déi 3 aner Pilierse mat buchen:

Fahrradfahren - Zyklus 2-4
Léiwe Bicycool-Frënd,
Am 3.Trimester 2026 starte mir de Bicycool-Projet fir de Cycle 2-4 mat neiem Konzept. D'Aschreiwunge sinn nach net op, well mir am 1. an 2.Trimester exklusiv am Cycle 1 mam Lafrad ënnerwee sinn. Du wëlls um Lafende bleiwen?
