WibS - Wibbelen & intelligent beweegen an der Schoul

D’Beweegung fërdert net nëmmen d’Gesondheet, mee och d’Konzentratioun, d’Zesummenaarbecht an d’Wuelbefanne vun de Kanner. Eng aktiv Schoul ass eng lieweg Schoul – an domat och eng erfollegräich Schoul.
De WibS riicht sech un all d’Schoulen, déi Beweegung als festen a wichtege Bestanddeel vum Schoulalldag verankere wëllen. Et geet net nëmmen ëm Sportstonnen, mee ëm eng ganzheetlech Approche, déi Beweegung op ënnerschiddlechen Niveaue fërdert. Mir wëlle weisen, datt Beweegung net nëmmen an der Sportshal stattfanne muss mee och kann an de Schoulalldag integréiert ginn.
D’Offer ass sou opgebaut, datt se Schoule vu verschiddene Gréissten a Bedierfnesser entsprécht. Et gëtt genuch Flexibilitéit, fir individuell Akzenter ze setzen, mee d’Schoul muss sech fir dat ganz Konzept entscheeden. Et ass also keng Menuskaart, wou een sech just déi léifste Stécker eraussicht – mee eng ëmfaassend Strategie, déi nëmme funktionéiert, wann se als Ganzt ëmgesat gëtt.
De WibS besteet aus 4 verschidde Sailen.
Iwwert deen heite LINK geet et bei d'Aschreiwung. Beschwätz w.e.g. am Virfeld mat der ganzer Schoul (C1-4), wéi eng Klasse matmaachen.