Aktuelles

Newsletter Beweegungsfërderung  

Hier finden Sie in chronologischer Reihenfolge die Newsletter Beweegungsfërderung, in der regelmäßig aktuelle Projekte, Informationen, Aktivitäten und Materialien vorgestellt werden. Sich abonnieren - immer auf dem Laufenden bleiben!

Achtung! Bitte unbedingt mit der professionellen Email-Adresse anmelden. Vielen Dank!


Bewegungs-News

WibS - 4 in 1
D’Beweegung fërdert net nëmmen d’Gesondheet, mee och d’Konzentratioun, d’Zesummenaarbecht an d’Wuelbefanne vun de Kanner. Eng aktiv Schoul ass eng lieweg Schoul – an domat och eng erfollegräich Schoul.
Weitere Informationen
WibS-Laf - wéi gutt leeft deng Klass ?
Wéi steet et ëm d'Ausdauer vun denger ganzer Klass? Beim WibS-Laf kann all Kand weisen, wéi fit et ass. Vill Spaass!
Weitere Informationen
YES, den neien Otemwierfel ass do!
Kuck dir en un, bestell en a bréng YOGA an deng Klass.
Weitere Informationen
Beweegungsdag & LevelUP Beweegungschallenge um I.N.S.
Am Kader vun der 3. Nationaler Beweegungswoch gouf de 4. Juni 2025 um I.N.S. de grousse Beweegungsdag organiséiert. De SCRIPT, de Sportsministère an de Sportlycée haten invitéiert. De groussen Highlight war d’Finall vun der LEVEL-UP Challenge “Déi beweeglechste Klass 2025. Hei waren d’Kanner vu Beefort (2x), Stengefort a Miersch déi bescht. Iwwer 400 Kanner haten de ganzen Dag bei bal dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnte sech bei ënnerschiddleche Sportaarten a Beweegungsatelieren auspoweren. E grousse MERCI op dëser Plaz u jiddereen, dee gehollef huet, dass et fir d'Kanner e besonnegen Dag bleiwe wäert.
Weitere Informationen
WibS-Duell an der WibS-Arena op der YEP-Schoulfoire 2025
Vum 28.04 - 30.04.2025 hu sech 40 Klassen an der WibS-Arena beim WibS-Duell gemooss. Am Cycle 4.1 huet d'Grondschoul vu Schëffleng sech ganz knapps mat 259 Punkte géint Rëmmeléng (258) a Kielen (242) duerchgesat. Am Cycle 4.2 waren d'Kanner vu Buerglënster mat 302 Punkten déi glécklech Gewënner, dëst viru Munneref (301) a Miersch (295). Op jiddefall hunn d'Jongen an d'Meedercher aus alle Klassen alles ginn. Déi éischt 3 Klasse krute jeeweils e flotte Präis. Mir freeën eis elo schonns op 2026.
Weitere Informationen
LevelUP - Challenge 3 fäerdeg
Säit Oktober 2024 hunn eng 20 Schoulklassen vum Cycle 1-4 alles ginn, fir den Titel "Beweeglechste Schoulklass 2025" ze gewannen. Fir si geet d'Rees de 4.Juni 2025 um I.N.S. weider. Hei steet déi grouss Finall um Rendez-Vous. Am PDF hei drënner gesäis du nach emol alles, wat si hu misse leeschten. BRAVO un all Klass, déi matgemaach huet.
Weitere Informationen
Schéin Ouschteren
Déi lescht Woch vum 2.Trimester kann deng Klass sech nach méi beweegen. Vergiess awer net, gutt duerch ze lëften. Opgepasst, all QR-Code ass och ëmmer cliquable. Vill Spaass heibäi !
Weitere Informationen
LevelUP - Ch.2 fäerdeg, lo Challenge 3
Bis d'Fuesvakanz haten d'Klassen Zäit fir hire Video a 5 Fotoen vun der Challenge 2 eropzelueden. Elo ass deen zweeten Deel gepackt, an deen drëtten Deel steet ab dem 25.Februar 2025 um Programm.
Weitere Informationen
YEP! Schoulfoire 2025
D’Aschreiwunge fir d’Aktivitéite vun der YEP! Schoulfoire hunn ugefaangen.
Weitere Informationen
Fuesent 2025
All déi Leit, déi sech op eisen Newsletter abonéiert hunn,kruten dës flott Aktivitéite virun der Fuesvakanz per Mail.
Weitere Informationen
LevelUP - Ch.1 fäerdeg, lo Challenge 2
Bis de 11.12.24 haten d'Klassen Zäit fir hire Video a 5 Fotoen vun der Challenge 1 eropzelueden. Elo ass deen éischten Deel gepackt, an deen zweeten Deel steet ab dem 8.Januar 2025 um Programm.
Weitere Informationen
LevelUP Beweegungschallenge 2024-2025
Am Kader vun der beweeglechster Klass 2025 kanns du deng Klass nach aschreiwen. Et lount sech matzeman. Trau dech!
Weitere Informationen
5 nei YES Videoen
- Schutzschëld (fir C1&2) - Schutzschëld (fir C3&4) - May the force be with you (fir C2-4) - May the force be with you (fir C3&4) - D’Giraff (fir C2-4)
Weitere Informationen
LEVEL UP - ASCHREIWUNG
Ab elo kanns du deng Klass fir d'LEVEL UP Beweegungs-Challenge umellen
Weitere Informationen
Back to school
Déi ganz Equipe vun der SCRIPT Beweegungsfërderung wënscht jidderengem eng flott Rentrée.
Weitere Informationen
Schéi Vakanz
Déi ganz Equipe vun der SCRIPT Beweegungsfërderung wënscht jidderengem eng agreabel an erhuelsam Vakanz.
Weitere Informationen
YES - De Yoga ass ausgebucht !
'YES' ass ausgebucht an d’Aschreiwunge fir d'Schouljoer 2024-2025 sinn zou. Déi vill Schoulen, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn. D’Coordinatrice vum Projet 'YES' bleift disponibel fir Iech op Froen ze äntweren. Heifir kënnt Dir dem Sabine gären eng Mail op yes@script.lu maachen.
Weitere Informationen
Adaptatioune bei Bicycool 2024-2025
Léif Bicycool-Frënn, Iwwert d’ganzt Schouljoer ass eng Evaluatioun gemaach ginn, wéi mir de Projet nach méi optiméiere kënnen. Eis ass et wichteg, fir méiglechst ville Klassen eng gutt Offer ze bidden. Dofir huele mir no der Rentrée Adaptatioune vir. Soubal alles steet, ginn nei Inscriptioune fir de Cycle 1 Lafrad - an de Cycle 2-4 Projet op. Merci fir de Versteesdemech! Du wëlls um Lafende bleiwen? Dann abonéier eise Beweegungs-Newsletter an check reegelméisseg eis Neiegkeeten op beweegung.lu
Weitere Informationen