Déi beweeglechste Schoulklass 2026

24-04-2026
De groussen Highlight war d’Finall vun der LEVEL-UP Beweegungs-Challenge “Déi beweeglechste Klass 2026". Hei waren d’Kanner vu Beggen (3.1), Steesel (3.2), aus dem Rolléngergronn(4.1) a vu Miersch(4.2) déi bescht.

Zanter Oktober 2025 hunn 43 Klassen aus de verschiddene Cyclen reegelméisseg un de Beweegungs-Challengen deelgeholl an hir Aufgabe gemeeschtert. Déi dräi beschte Klassen aus all Ënnercycle goufen op d’Schoulfoire invitéiert.

Am Ganze sinn also 12 Klassen ugetrueden an hunn op verschiddenen Atelieren hiert Bescht ginn: Vëlofueren, Seelsprangen, Street Racket, Parcours, Torwand, Jeans-Hänken a Blazepods, alles bei beschter Stëmmung.

Fir hiren Asaz goufen si mat flotte Präisser belount: e risegt Sprangschlass fir d’Schoul (fir 2 bis 3 Deeg), en Dag am Mariendall, Bicher an eng Beweegungskëscht. Fir si e flotte Moment mat der ganzer Klass op der Schoulfoire.


Actualités récentes

WibS-Arena & LevelUP

WibS-Arena & LevelUP
Vum 20. - 22. Abrëll gëtt sech an der WibS-Arena (Hal7) nees beweegt. Um leschten Dag, mëttwochs, duelléieren sech 12 Klassen an der grousser Level-UP Finale. Komm bis laanscht, a feier d'Kanner vum Cycle 3.1 - 4.2 un.
Weitere Informationen