Beweegungsdag & LevelUP Beweegungschallenge um I.N.S.

06-06-2025
Am Kader vun der 3. Nationaler Beweegungswoch gouf de 4. Juni 2025 um I.N.S. de grousse Beweegungsdag organiséiert. De SCRIPT, de Sportsministère an de Sportlycée haten invitéiert. De groussen Highlight war d’Finall vun der LEVEL-UP Challenge “Déi beweeglechste Klass 2025. Hei waren d’Kanner vu Beefort (2x), Stengefort a Miersch déi bescht. Iwwer 400 Kanner haten de ganzen Dag bei bal dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnte sech bei ënnerschiddleche Sportaarten a Beweegungsatelieren auspoweren. E grousse MERCI op dëser Plaz u jiddereen, dee gehollef huet, dass et fir d'Kanner e besonnegen Dag bleiwe wäert.

Actualités récentes

LevelUP - Challenge 3 fäerdeg

LevelUP - Challenge 3 fäerdeg
Säit Oktober 2024 hunn eng 20 Schoulklassen vum Cycle 1-4 alles ginn, fir den Titel "Beweeglechste Schoulklass 2025" ze gewannen. Fir si geet d'Rees de 4.Juni 2025 um I.N.S. weider. Hei steet déi grouss Finall um Rendez-Vous. Am PDF hei drënner gesäis du nach emol alles, wat si hu misse leeschten. BRAVO un all Klass, déi matgemaach huet.
Weitere Informationen

Schéin Ouschteren

Schéin Ouschteren
Déi lescht Woch vum 2.Trimester kann deng Klass sech nach méi beweegen. Vergiess awer net, gutt duerch ze lëften. Opgepasst, all QR-Code ass och ëmmer cliquable. Vill Spaass heibäi !
Weitere Informationen