YEP! Schoulfoire 2025

20-02-2025
D’Aschreiwunge fir d’Aktivitéite vun der YEP! Schoulfoire hunn ugefaangen.
YEP! Schoulfoire 2025

Beweegt deng Klass sech gär? Sinn deng Schüler a Schülerinne prett fir bis un hir kierperlech Limitt ze goen? Sidd dir een Team?
Wann déi do Critèren all erfëllt sinn, da maach mat ! 


An der WiBS-Arena ass deng Klass an der Welt vun der Beweegung. Gedriwwe vun der Stëmmung, der Musek an de Fans erliewen är Schüler a Schülerinne Momenter, déi si bis un hir kierperlech Limitt bréngen. Kooperatioun gëtt grouss geschriwwen an erhéicht d'Chance op en erfollegräicht WiBS-Duell. Pro Slot trieden 3 verschidde Klasse géinteneen un. Sidd dobäi, well et gi flott Präisser ze gewannen! Mir freeën eis!

Hei kanns du deng Klass direkt umellen.

Weitere Informationen

Actualités récentes