WibS zu Diddeléng um Strutzbierg

24-06-2025
Zwee Deeg laang war d'WibS-Ekipp vum SCRIPT zu Diddeléng um Strutzbierg. Bei beschtem Wieder konnte 17 Klassen aus dem Cycle 1-4 ausprobéieren, wat WibS genee ass. Den 19.Juni koum den Här Meisch d'Schoul besichen, an huet sech e Bild vum fuschneie Beweegungsprojet gemaach. Hie krut souwuel am Schoulhaff, an der Klass (dobaussen), wéi och an der Sportshal gewisen, wéi aktiv a motivéiert déi Diddelénger Kanner waren.
WibS zu Diddeléng um Strutzbierg

Wann s du och gär de WibS-Projet an deng Schoul wëlls kréien, da kuck reegelméisseg op beweegung.lu ran, well virun der Summervakanz ginn d'Aschreiwungen op, dass mir déi ganz Logistik hannendrun iwwert de Summer plange kënnen, a fir d'Rentrée 2025-2026 prett sinn.

Weitere Informationen

Actualités récentes

Beweegungsdag & LevelUP Beweegungschallenge um I.N.S.

Beweegungsdag & LevelUP Beweegungschallenge um I.N.S.
Am Kader vun der 3. Nationaler Beweegungswoch gouf de 4. Juni 2025 um I.N.S. de grousse Beweegungsdag organiséiert. De SCRIPT, de Sportsministère an de Sportlycée haten invitéiert. De groussen Highlight war d’Finall vun der LEVEL-UP Challenge “Déi beweeglechste Klass 2025. Hei waren d’Kanner vu Beefort (2x), Stengefort a Miersch déi bescht. Iwwer 400 Kanner haten de ganzen Dag bei bal dréchenem Wieder a beschtem Catering vill Spaass a konnte sech bei ënnerschiddleche Sportaarten a Beweegungsatelieren auspoweren. E grousse MERCI op dëser Plaz u jiddereen, dee gehollef huet, dass et fir d'Kanner e besonnegen Dag bleiwe wäert.
Weitere Informationen