WibS-Duell an der WibS-Arena op der YEP-Schoulfoire 2025

11-05-2025
Vum 28.04 - 30.04.2025 hu sech 40 Klassen an der WibS-Arena beim WibS-Duell gemooss. Am Cycle 4.1 huet d'Grondschoul vu Schëffleng sech ganz knapps mat 259 Punkte géint Rëmmeléng (258) a Kielen (242) duerchgesat. Am Cycle 4.2 waren d'Kanner vu Buerglënster mat 302 Punkten déi glécklech Gewënner, dëst viru Munneref (301) a Miersch (295). Op jiddefall hunn d'Jongen an d'Meedercher aus alle Klassen alles ginn. Déi éischt 3 Klasse krute jeeweils e flotte Präis. Mir freeën eis elo schonns op 2026.

Actualités récentes

LevelUP - Challenge 3 fäerdeg

LevelUP - Challenge 3 fäerdeg
Säit Oktober 2024 hunn eng 20 Schoulklassen vum Cycle 1-4 alles ginn, fir den Titel "Beweeglechste Schoulklass 2025" ze gewannen. Fir si geet d'Rees de 4.Juni 2025 um I.N.S. weider. Hei steet déi grouss Finall um Rendez-Vous. Am PDF hei drënner gesäis du nach emol alles, wat si hu misse leeschten. BRAVO un all Klass, déi matgemaach huet.
Weitere Informationen

Schéin Ouschteren

Schéin Ouschteren
Déi lescht Woch vum 2.Trimester kann deng Klass sech nach méi beweegen. Vergiess awer net, gutt duerch ze lëften. Opgepasst, all QR-Code ass och ëmmer cliquable. Vill Spaass heibäi !
Weitere Informationen